Eng laangjäreg Fuerderung gëtt endlech Realitéit: de Prinzip vun der Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ass an der Verfassung verankert. Et heescht och datt et autoriséiert ass, positiv Moossnamen ze huelen fir de Prinzip vun der Gläichheet ze realiséieren.
An der Konstitutioun heescht et:
«(2) Les femmes et les hommes sont égaux en droits et en devoirs . L’Etat veille à promouvoir activement l’élimination des entraves pouvant exister en matière d’égalité entre femmes et hommes.»
Dëst bedeit, datt de Staat aktiv dofir suerge muss fir d’Diskriminatioune, fondéiert op d’Geschlecht, an d’Ongläichheeten ze bekämpfen De Staat ka positiv Moossnamen huele fir de Prinzip vun der Gläichheet tëscht Fraen a Männer ze realiséieren.